Ukommen zu Lëtzebuerg: Administrativ Prozeduren (A2)

Poterkëscht vum INLL - Podcast készítő Poterkëscht

Podcast artwork

Kategóriák:

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer administrativ Prozeduren wann een nei zu Lëtzebuerg am Land ass schwätzen.Vill Spaass beim Nolauschteren!-TranskriptZu Lëtzebuerg ukommen  Elena: Moie Stéphanie! Ech si lo zënter enger Woch hei zu Lëtzebuerg, mee ech hunn d’Gefill, et gëtt sou vill ze reegelen! Ech weess net, wou ech ufänke soll. Stéphanie: Hallo Elena! Jo, effektiv. Et ass am Ufank e bësse vill, mee ech hëllefen dir gären. Hues de dech scho bei der Gemeng ugemellt? Elena: Nee, nach net. Firwat ass dat wichteg? Stéphanie: Du muss dech umellen, well s du dann e Certificat de résidence da kriss. Dee brauchs du fir vill administrativ Prozeduren, wéi zum Beispill d’Krankekeess oder fir e Bankkonto opzemaachen. Elena: A, ech verstinn! An, wéi ass et mat der Krankekeess? Stéphanie: Du muss dech bei der Caisse Nationale de Santé (oder: CNS) umellen. Wann’s de schaffe gees, mécht däi Patron dat fir dech. Wann s du nach keng Aarbecht hues, da muss du dech selwer bei der CNS umellen. Elena: Ok... A wéi eng Pabeiere brauch ech dofir? Stéphanie: Normalerweis brauchs du deng Identitéitskaart, de Certificat de résidence an eventuell en Aarbechtskontrakt. Elena: A wann ech e Bankkonto wëll opmaachen? Stéphanie: Do brauchs de och deng Identitéitskaart an e Certificat de résidence. E puer Banke froen och en Aarbechtskontrakt. Elena: Wow. Merci! Nach eng lescht Fro, wéi ass et mat der Steiernummer? Kréien ech déi automatesch? Stéphanie: Jo, normalerweis kriss du se automatesch, mee ech géif an denger Plaz eng Kéier bei der Administration des contributions directes uruffen, wann s du méi konkreet Froen hues. Vill Informatiounen stinn awer och op Guichet.lu an do kanns du alles noliesen. Elena: Ui! Ech hunn nach vill ze maachen! Wat ass da genau Guichet.lu? Stéphanie: Guichet.lu ass eng offiziell Regierungssäit, wou s de all administrativ Informatioune fënns, déi s de zu Lëtzebuerg brauchs. Et ass wéi e Guide fir d’Steieren, d’Sozialversécherung, Wunnen, d’Aarbecht an nach Villes méi. Elena: Ok, ech verstinn. Villmools merci fir all déi Informatiounen an deng Hëllef! Stéphanie: ‘t ass gär geschitt.