Säin Dramhaus an d'Géigend beschreiwen (A2)
Poterkëscht vum INLL - Podcast készítő Poterkëscht
Kategóriák:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Haut héiere mir, wéi eng Persoun hiert Dramhaus beschreift. Duerno schwätzt eng Persoun iwwer d'Géigend, an där si elo wunnt.Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:Säin Dramhaus beschreiwenBen: Du gesäis awer frou aus. Wéi war d’Visitt? Joulie: Hei Ben, se war fantastesch. Dat Haus ass en absolutten Dram. Gi mir et d’nächst Woch zesumme kucken? Ben: Dann ziel mol fir d‘éischt. Wat huet der da sou gutt gefall? Joulie: Et ass en aalt renovéiert Bauerenhaus mat ganz vill Plaz a ville Fënsteren. Et gëtt eng wonnerschéin oppe Kichen, eng gemittlech Stuff, e risege Späicher an e modernt Buedzëmmer. An an der Mëtt steet eng grouss Buedbidden. Ben: A, lo verstinn ech firwat et dir esou gutt gefält. A wéi vill Zëmmeren huet et? Joulie : Um éischte Stack huet et dräi hell Schlofzëmmeren an e flotte Büro. Am Eltereschlofzëmmer huet een eng wonnerschéi Vue op dat aalt Schlass. Ben: Dat ass schéin, mä ech sinn nach net iwwerzeegt. Joulie: Da waart mol. Et huet nämlech och e klenge Gaart an e grousse Keller. En ass grouss genuch fir zwee Autoen an deng Vëloen. An et huet och e klengen Atelier. Ben: A jo, dat ass interessant. A wou läit et? Joulie: D’Haus läit ganz roueg an enger Cité. Et ass kee Kaméidi ronderëm an et huet een nach zwou Parkplaze virun der Dier. Ben : Ok ok, dat kléngt wierklech gutt. Dajee du hues mech iwwerzeegt. Mir ginn et zesumme kucken. Iwwer d'Géigend schwätzenA: Hallo! An, wéi geet et dir? B: Hey! Ganz gutt an dir? A: Jo, alles an der Rei. So, de Luc huet mir erzielt, dass du däin Dramhaus fonnt hues. Wou wunns du dann elo? B: Do huet e Recht! Ech wunnen an engem ganz schéine Quartier, net wäit vun der Gare. A: A sou! Wat gefält dir dann do? B: Hei ass et ganz flott. Et gi vill Geschäfter a Restauranten. Ech kann an de Park an an de Bësch spadséiere goen. D’Géigend ass immens gréng. A: A, dat kléngt gutt! Wat gefält dir am meeschten? B: Mir gefält, dass et vill verschidde Leit hei gëtt. Et ass ëmmer eppes lass, a jiddereen ass frëndlech. D’Stad ass net wäit ewech an den ëffentlechen Transport ass super! A: Dat ass praktesch! Ginn et och Saachen, déi der net gefalen? B: Jo, heiansdo ass vill Kaméidi wéinst dem Verkéier, virun allem moies an owes. An d’Präisser fir d’Wunnengen si ganz héich. Wann s du en Auto hues, ass et och schwéier fir eng Parkplaz ze fannen. A: Jo, ech verstinn... A wéi ass et mat de Vëlosweeër? B: Net esou gutt. Et ginn der e puer, mä wann een duerch d’Stad fiert, muss een awer ganz gutt op d’Autoen an de Verkéier oppassen. A: Dat ass schued. Mä soss kléngt et ganz flott. B: Jo, ech si frou hei. Wann d’Wieder gutt ass, kënne mer emol zesumme spadséiere goen. A: Ganz gär! Bis geschwënn. B: Bis geschwënn!
