En Abonnement annuléieren (A2)
Poterkëscht vum INLL - Podcast készítő Poterkëscht
Kategóriák:
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!Am Episod vun haut héiere mir, wéi eng Persoun bei engem Telefonsprovider urifft, fir hiert Abonnement ze kënnegen. Vill Spaass beim Nolauschteren!-Transkript:En Abonnement annuléierenAutomatesch Stëmm: Moien a wëllkomm beim Clientservice vu LëtzTel. Fir d’Qualitéit vun eisem Service ze verbesseren, gëtt dëst Gespréich opgeholl. Bleift wgl. um Apparat.Mataarbechter: Moien, Clientservice vu LëtzTel, Marie um Apparat. Wéi kann ech Iech hëllefen?Cliente: Moien, ech géif gär mäin Telefonsabonnement annuléieren.Mataarbechter O, ech verstinn. Kënnt Dir mir Ären Numm an Är Clientsnummer ginn, wgl?Cliente: Jo, mäin Numm ass Heidi Hansen an d’Clientsnummer ass 123456.Mataarbechter: Merci, Madamm Hansen. Kënnt Dir mir soen, firwat Dir Äert Abonnement annuléiere wëllt?Cliente: Ech hunn elo en neit Abonnement bei enger anerer Firma, déi méi bëlleg ass.Mataarbechter: Ech verstinn. Mee, wosst Dir, datt mir och speziell Offeren hunn? Wann Dir wëllt, kann ech Iech e méi bëllegen Tarif proposéieren.Cliente: Hmm… Wéi vill géif dat kaschten?Mataarbechter: Mir hunn eng speziell Remise fir eis Clienten. Dir kéint 5€ manner de Mount bezuelen an nach ëmmer onlimitéiert SMSe verschécken an den Internet benotzen.Cliente: Dat kléngt net schlecht, mee mäin neie Kontrakt ass scho gemaach.Mataarbechter: Ech verstinn, mee wann Dir wëllt, kënne mir Iech och extra Bonus-Minutten oder méi Datevolume ubidden. Da misst Dir net wiesselen.Cliente: Ech weess net…Mataarbechter: Ech wëll just, datt Dir déi bescht Offer kritt. Vläicht kéinte mir Iech e Mount gratis ubidden?Cliente: Hmm… Dat ass eng gutt Offer, mee ech muss mir dat nach eng Kéier iwwerleeën.Mataarbechter: Kee Problem! Ech kann Iech d’Offer per E-Mail schécken, an Dir kënnt Iech an deenen nächsten Deeg mach eng Kéier bei eis mellen.Cliente: Gutt, schéckt mir dat wgl. an ech kucke mir dat un.Mataarbechter: Perfekt, Madamm Hansen! Ech schécken Iech d’Detailer direkt. Cliente: An der Rei! Schéinen Dag nach!Mataarbechter: Iech och, Äddi!
