Aussprooch "ch" (A1-A2)

Poterkëscht vum INLL - Podcast készítő Poterkëscht

Podcast artwork

Kategóriák:

Wëllkomm zeréck an der Poterkëscht!  Haut erklären mir d’Aussprooch vum “ch”. Wéini soe mir [χ] a wéini soe mir [ɕ] ?  - Transkript:  A: Wéi schwätzt een dat Wuert aus?  B: Buch.  A: An dat?  B: Bicher.  A: Mee, firwat “Buch” a firwat “Bicher”?  B: Also: “Bicher” ass de Pluriel vu “Buch”.       An et gëtt och glécklecherweis eng Reegel, wéini mir [χ] a wéini mir [ɕ] soen.       Wa virun dem “ch” en “a”, en “o” oder en “u” ass, da soe mir [χ].  ach, och, uch       So eng Kéier: ach, och, uch  A: ach, och, uch  B: Gutt. Hei si Beispiller:  Kach, nach, kachen, aacht, maachen  A: Kach, nach, kachen, aacht, maachen  B: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch  A: och, Woch, Wochendag, Mëttwoch, Sprooch  B: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen  A: Zuch, Buch, Kuch, Luucht, Fluchhafen, brauchen  B: Gutt!  A: Ok. Gëtt et Exceptiounen?  B: Wéi ganz oft gëtt et och hei Ausnamen. Wéi zum Beispill bei Wierder aus dem        Franséischen: Tâche, Cauchemar, accouchéieren, Grand-Duché       Sou. Wa virun dem “ch” en “i”, en “e” oder en “ä” ass, da soe mir [ɕ].       ich, ech, äch  - “äch” mat “a Treema, c, h” oder “ech” mat “e,c,h”      So eng Kéier: ich, ech, äch  A: ich, ech, äch  B: Gutt. Beispiller: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich,  Noriichten  A: Bicher, Zich, richteg, wichteg, sichen, ënnersträichen, Gespréich, Noriichten  B: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen   A: ech, mech, dech, sech, Iech, siechzéng, Aarbecht, mécht, Nuecht, Zeechen  B: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht  A: Kächin, erwächen, Becher, schlecht, Recht  B: Tipptopp! Opgepasst! Meeschtens, wann hannert dem “ch” en “s” steet, da prononcéiere mir den “ch” als [k].  Beispiller: Dachs, Ochs, nächst, Nächsten, sechs, Béchs, Schongwichs,         Mee och hei ginn et Ausnamen. Mir maachen dat just, wann den “s” en Deel vum Wuert            ass.        Ausname sinn zum Beispill: du kachs, mëttwochs, du brauchs, Besuchszäit, du sichs,        du gläichs, du méchs, asw.        So zum Schluss elo nach eng Kéier d’Reegel:       ach och uch       ich ech äch  A: ach och uch      ich ech äch  B: Perfekt!  A: Cool Merci fir d’Explikatiounen!  B: ‘t ass gär geschitt!